Prioritéiten

Ee sozial fortschrëttlecht Europa

Fir d'CSV bleift e soziaalt Europa eng Prioritéit. Mir wëllen eis dofir asetzen, dass déi reell Aarmuts- a Präkaritéitsrisiken, vun deenen, an deene meeschte Fäll, jonk an eeler Leit betraff sinn, méi kleng gemaach ginn. Aarmut am Europa vum 21. Joerhonnert ass net akzeptabel a vun dohier brauche mer a ganz Europa en anstännege Mindestloun.

Den europäesche Bannemaart muss fir d'Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, eng Realitéit ginn. Dozou gehéiert, dass mer bei Importer vu Produiten d'Konzessiounsbindung un aner Staaten ofschafen. Am Beräich vun der Kommunikatioun, muss zousätzlech zum gratis Roaming, d'Iwwerdroung vun Daten och gratis ginn. Geoblocking, geographesch Limitatiounen an d'Käschte fir Liwwerunge bei Bestellungen, déi een um Internet mécht, gehéieren ofgeschaaft. Souwuel bei Déngschtleeschtungen, esou ewéi och bei Produiten.

Aarbechtsmobilitéit, genee esou ewéi d'Mobilitéit vu Schüler, Studenten, Enseignanten, Professeren, Fuerscher a Kënschtler, mussen ënnerstëtzt ginn. Initiativen, ewéi déi gratis Interrail-Kaart fir jonk Leit, maachen et méiglech, aner Deeler vun eisem Kontinent kennen ze léieren.

Méi Elektromobilitéit bedeit zwar Fortschrëtt, mä ass awer keng definitiv Léisung. Mam Opbau vun enger Ekonomie, déi mat Waasserstoff schafft, kéint Europa Kuelestoffemissioune méi séier a méi spierbar erof setzen. Wann een dat mat Wand- a Sonnenenergie verbënnt, kéint eise Kontinent séier op erneierbar Energien ëmklammen. D’Viraussetzung ass, mir bréngen net nëmmen d’Produktioun vun der Energie fäerdeg, mais och hiren Transport zu de Verbraucher a ganz Europa. Vun dohier gëllt et, d‘Energienetzer ze moderniséieren an se mat eise Nopeschregiounen ze connectéieren.

Europa kann a muss e globale Kompetenz- an Exzellenzzenter an der Kriibsfuerschung an am Lutte géint de Kriibs ginn. Mir mussen an der medezinescher Fuerschung allgemeng eng féierend Positioun hunn. D‘Europäer musse sech dobäi och intensiv mat kënschtlescher Intelligenz beschäftegen an dofir suergen, dass an deem Beräich déi héchsten ethesch Standarde gëllen. Hei brauche mer Investitiounen, déi am Budget vun 2021-2027 musse bereet stoen.

Mir wëllen dofir suergen, dass mer dee gréissten Notzen aus der Groussregioun an der Zesummenaarbecht mat eisen Nopere kennen zéien. Dacks schaffen d'Gemengen a Grenzregioune scho vill zesummen an d'Leit erliewen Europa hei a Form vun Initiativen an Aktivitéiten, déi zesummen organiséiert ginn.

Zivilgesellschaftlecht Engagement muss geschat a besser unerkannt ginn, doduerch dass europäesch Politik d'Uleies, d'Ureegungen an d'Fuerderunge vun der Zivilgesellschaft eescht hëlt a se esou wäit et méiglech ass, an d'Gestaltung vun der Politik integréiert.

Mir wëllen den neie Feierdag vum 9. Mee, mat europäeschem Inhalt ausfëllen. E soll zu engem Volleksfest ginn, op deem déi europäesch Identitéit gestäerkt gëtt an déi verschidde Kulture gefeiert ginn. Doriwwer eraus, solle mer eise Kanner a Jugendlechen d’Bedeitung an den Erfolleg vun Europa spilleresch bäibréngen. Wann een eng gemeinsam Identitéit wëllt opbauen, brauch een dofir eng gemeinsam Aart a Weis, se ze vermëttelen.

 

Ee séchert a gerecht Europa

Sécherheet ass e Grondbedierfnis vu Mënschen. Europa muss schützen a Sécherheet bidden. D'Populisten, déi eis Fräiheet géint Sécherheet wëllen austauschen, hu bei eis keng Chance. Sécherheet ouni Fräiheet a Fräiheet ouni Sécherheet gëtt et net. Den europäesche Procureur général muss séier operationell ginn a soll och déi noutwendeg Kompetenzen an der Lutte géint den Terror kréien. Mir musse virun allem och d'Kommunikatioun an d'Kooperatioun vun den europäesche Sécherheetskräften drastesch verbesseren. Et duerf net sinn, dass een, dee sech an engem Memberland strofbar gemaach huet, ongehënnert an en anert europäescht Land reest an do mat sengem Verhale ka weiderfueren.

Wien aus engem anere Kulturkrees an Europa awandert, muss d'Chance vun eis kréie, sech kennen ze integréieren, mä hien muss och selwer gewëllt sinn, sech ze integréieren. Europa ass net nëmmen e Kontinent vun der Hoffnung an d'Plaz, op déi sech vill Leit a Sécherheet bréngen, Europa berifft sech op d'Dignitéit vum Mënsch a Mënscherechter. Deemno mussen d'Mënschen, déi an Europa kommen, eis Aart a Weis ze liewen verstoen an akzeptéieren. Dozou gehéieren eis Wäerter, eis Prinzipien an eis

Normen. Dat geet nëmmen, wann ee well. Wien dat net well, mat eiser Verfassungs- a Rechtsuerdnung a mat der Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra näischt kann ufänken, kann net bleiwen.

Déi Europäesch Unioun muss séier e wierksame Mechanismus fir d'Iwwerwaachung vun der Rechtsstaatlechkeet kréien, deen och Sanktioune virgesäit. Wien allgemeng gülteg Reegelen an Normen duerch staatleche Muttwëll wëllt ersetzen, d'Onofhängegkeet vun der Justiz a Fro stellt an d'Fonctionnement vun demokrateschen Institutiounen op d'Spill setzt, muss sanktionéiert ginn. Hei si mer dofir, dass e Land nëmmen europäesch Gelder aus de Strukturfongen soll kréien, wann d'Rechtsstaatlechkeet respektéiert gëtt.

Digital Ekonomie bréngt enorm Chance fir Innovatioun an d'Schafung vun neien Aarbechtsplazen. Gläichzäiteg sinn awer Aarbechtsplazen aus méi klassesche Beräicher a Gefor. Vun dohier wier et nëmme fair, wann déi grouss Entreprise vum Internet endlech adequat Steieren un d'Europäesch Unioun géife bezuelen, déi da kéinten an den Europäesche Budget fléissen. Do kéinte se an de Globaliséierungsfong goen, deen deene Betriber a Leit hëlleft, déi hier Aarbecht wéinst der Globalisatioun verluehunn. Esou e Fong gëtt de Leit d'Méiglechkeet, sech am Liewen nei ze orientéieren a finanzéiert en neien Ufank am Beruff.

Mir wëllen an Europa eng Landwirtschaft, déi d'Qualitéit an d'Sécherheet vun eise Liewensmëttele garantéiert an déi an eis Zäit an an eis Gesellschaft passt. D'Baueren an d'Wënzer spillen eng grouss Roll an de Beräicher vum Klima-, Aarten- a Waasserschutz. Déi Leeschtunge fir d'Allgemengheet musse mat ëffentleche Mëttelen ënnerstëtzt ginn. Jonk Bauere sollen hei ganz besonnesch ënnerstëtzt ginn. Europa brauch méi héijen Zoll op Importer vu Liewensmëttelen, déi hei och produzéiert ginn.

Lokal Produiten sinn nämlech hei wéinst de méi héije Paien an de méi héije Standarden forcement méi deier. Onfair Konkurrenz um Liewensmëttelmaart muss ageschränkt ginn. Mir halen aus Iwwerzeegung um Preventiouns-Prinzip fest.

 

E staarkt Europa an der Welt

D'EU brauch e Budget, deen eise Besoinen entsprécht. De Budget vun der Europäescher Unioun besteet haut knapp aus engem Prozentpunkt vun der Wirtschaftsleeschtung vun der Unioun a muss vun dohier graduell an d'Luucht gesat ginn.

Hei ginn eege Ressourcen a Form vun europäesche Steiere gebraucht, déi souwisou scho vum Traité virgesi sinn. Beispillsweis kéint een heifir digital Transaktioune oder CO2 intensiv Produiten besteieren. Am Zäitalter vun der globaler Klimabeweegung ass eng europäesch Steier op Flich a Schëffsverkéier duerchaus denkbar.

Mir wëlle méi europäesch Aussepolitik. Dozou gehéiert och europäesch Verdeedegungspolitik. Fir eis Sécherheet si mir an éischter Linn selwer responsabel. Europa muss sech kënne selwer verdeedegen an dat och ouni Ënnerstëtzung vun eisen NATO-Partner. Mir sinn dofir, dass Schrëtt fir Schrëtt eng europäesch Verdeedegungsidentitéit mat enger Rëtsch vu gemeinsame Strukturen a Politiken erschaf gëtt. D'Zil ass hei net eng europäesch Arméi ze kreéieren, mä eng Zesummesetzung vun europäeschen Arméien, déi zesummen an den Asaz kënne goen.

Eist Versteesdemech vu Konkurrenzrecht muss dringend iwwerduecht ginn an op déi relevant Marchéen ausgeriicht ginn. Et mécht kee Sënn méi, Fusioune tëscht zwou oder méi Entreprisen an enger Branche nom momentane Konkurrenzrecht ze verbidden. Domat verhënnere mer, dass mir Europäer eis géint d'Konkurrenz, déi vun iwwerall hierkënnt, kéinte behaapten. Europäesch Länner a Betriber musse sech hautdesdaags net méi géintenee behaapten, mä se musse sech mat Konkurrenten aus der ganzer Welt moossen. An do hunn Europäer nëmmen eng Chance, wa se sech zesummendinn.

Mir mussen d'Mënschen an Europa virun den negativen Auswierkunge vun der Globaliséierung schützen. Hei musse mer rigouréis de Prinzip vun der Reciprocitéit uwenden. Mir dierfen an Zukunft kengem Land Accès op eise Marché ginn, wa mir net och Accès op hire Marché kréien. Et geet net, dass chinesesch Entreprisen an Europa Infrastrukture bauen, déi och nach mat europäesche Gelder bezuelt ginn, wann europäesch Entreprisen op der anerer Säit kee vergläichbaren Zougang op de chinesesche Marché hunn.

Afrika entwéckelt sech, virun allem demographesch, rasant weider. Déi ekonomesch Entwécklung ka mat der demographescher Entwécklung awer meeschtens net mathalen. Afrikanesch Länner mussen dréngend  beim Opbau vun ekonomeschen a staatleche Strukturen ënnerstëtzt ginn, déi eng normativ Wierkung. D'Ekonomie an d'Transaktioune musse formaliséiert ginn. Nëmmen esou kënne staatlech Verwaltungen an en afrikanesche Rechtsstaat entstoen, dee senge Mënschen Zukunftsperspektive bitt. Nëmmen esou kann den extremen demographesche Wuesstem normaliséiert ginn. Bei all deem kann a muss Europa hëllefen.

Lued Iech hei de PDF erof