LËSCHT 10 - 10 USÄTZ FIR D’MËNSCHEN AN EUROPA

  1. Europa ass de Kontinent vun der sozialer Sécherheet an dem soziale Fortschrëtt. Aarmut muss an der Europäescher Unioun eliminéiert ginn. Nei Chance fir jidder Eenzele mussen erschloss ginn - och där fir Mënschen, déi duerch d’Digitaliséierung hir Aarbecht oder hir sozial Roll fäerten, ze verléieren.
  2. Europa soll globale Virreider bei Klima- an Aarteschutz, an Ëmwelttechnologien a beim medezinesche Progrès ginn. E Kontinent fir Fuerschung an Innovatioun, deen an d’Zukunft investéiert, Plastik an iwwerflëssege Müll ofschaaft, de richtege Präis op CO2-Emissioune setzt an d‘Potential vun der Waasserstoffwirtschaft realiséiert.
  3. Optimal Mobilitéit bannent der Europäescher Unioun muss garantéiert ginn duerch oppe Bannegrenzen an e kloert Engagement fir d’Fräizügegkeet vun de Mënschen an Europa. Déi néideg Investissementer an d’Reseaue vun den Transportmëttele mussen ënnerholl ginn, a Programmer fir Studenten- an Aarbechtsmobilitéit verstäerkt genotzt ginn.
  4. D’Unioun muss hire Bannemaart weiderentwéckelen a Produktkonzessiounen iwwer bestëmmte Länner a Geoblocking ofschafen. De Bannemaart ass e Raum fir ëmfaassenden europäesche Konsumenteschutz an héich Standarden a Saachen Ëmwelt- a Sozialverträglechkeet, déi mir och global mussen duerchsetzen.
  5. Europa muss weider duerch strukturéiert Kooperatioun an de Grenzregioune gestäerkt ginn. Hei gëtt Pionéieraarbecht geleescht mat Kultur, Enseignement, zivilgesellschaftlechem Engagement an infrastrukturelle Realisatiounen iwwer d’Grenzen eraus.
  6. D’Unioun brauch Institutioune fir d’Bierger a Participatioun vun de Bierger. Déi europäesch Demokratie géif gestäerkt duerch eng direkt Wahl vum President vun der Unioun, dee Kommissioun a Conseil ka presidéieren. E permanenten a strukturéierten europäesche Biergerdialog, deen zu legislative Propositioune féiert, soll agefouert ginn.
  7. Mir wëllen a brauchen e staarkt Europa an der Welt, duerch méi siichtbar Aussepolitik, eng Entwécklungspolitik, déi wierkt, an Handelspolitik op Basis vun der Reciprocitéit: ee Land, dat an der Unioun wëllt Zougank zum Maart kréien, muss der Unioun bei sech dee selwechten Zougank erméiglechen.
  8. Europa muss schützen. Duerch eng besser Kontroll vun de baussechte Grenzen, duerch wierksam Bekämpfung vun Terrorismus a Cyberkriminalitéit. Dobäi brauch d’Unioun effikass europäesch Sécherheetsacteuren an eng konsequent Kooperatioun tëschent deene vun de Memberstaaten.
  9. Europa steet fir Rechtsstaatlechkeet a Gerechtegkeet. De Rechtsstaat muss geschützt ginn, och duerch finanziell Sanktioune géint Memberstaaten, déi europäesch Regierungsprinzipie mat Féiss trëppelen. Gerechtegkeet bedeit och, datt d’Gigante vum Internet op hiren europäesche Beneficen normal besteiert ginn, a mat de Recetten dovun déi digital Transitioun ka finanzéiert ginn.
  10. Europa steet fir eng produktiv Landwirtschaft, déi nohalteg ass an där hir Produkter héchste Qualitéitsniveau erreechen. Mir bekennen eis zu der laangfristeger Attraktivitéit vum ländleche Raum an deenen néidegen Investitiounen, och an eng Landwirtschaft, déi direkt an op kuerze Weeër vermaarten a verkafe kann.