CSV Kandidaten fir d’Europawahlen 2019

Foto vum Christophe Hansen

Christophe Hansen

37 Joer, Wanseler

Europadeputéierten a Gemengeconseiller

Master an Ëmweltwëssenschaften a Risk Management

D’Zukunft vun Europa ass eng nohalteg a konstruktiv Ëmwelt-  a Wirtschaftspolitik. Dofir wëlle mir en zolitte Cadre schafen, den och eise Kanner wäert eng sécher Zukunft bidden.

Foto vum Isabel Wiseler - Santos Lima

Isabel Wiseler - Santos Lima

57 Joer, Lëtzebuerg

Sozialschäffin an der
Stad Lëtzebuerg

Professesch

D´Demokratie an Europa muss gestäerkt ginn. Mir wëlle méi Solidaritéit a kee Populismus, méi Transparenz a keng Fake News, méi Gläichheet a keng Ënnerdréckung. Europa steet fir Demokratie, Fräiheet a Mënscherechter. Dat sinn d’Wäerter fir déi mir stinn.

Foto vum Stefano D'Agostino

Stefano D'Agostino

30 Joer, Mäerzeg

Schäffen

Chargé de projets européens beim Leader Éislek

Master an Politikwëssenschaften - Europäesch Unioun

Mir wëllen op erneierbar Energie setzen. Awer eleng packe mir dat zu Lëtzebuerg net. Mir brauchen déi Europäesch Energie- a Klimaunioun, wou mir mateneen op de Wee vun enger propperer a klimafrëndlecher Energieversuergung ginn.

Foto vum Liane Felten ép. Kraus

Liane Felten ép. Kraus

52 Joer, Gréiwemaacher

Gemengeconseillère

Administrativ Sekretärin op der Zukunftskeess

Ze vill Mënsche liewen op eisem Kontinent an Aarmut. Mir brauche méi wéi jee ee soziaalt Europa. Mir wëllen och deene Leit eng Stëmm ginn, op déi an Europa dacks net genuch gelauschtert gëtt.

Foto vum Martine Kemp

Martine Kemp

24 Joer, Diddeleng

Studentin am Master „Traffic and Transport“

Presidentin vun der CSJ Schüler a Studenten

Mobilitéit muss europawäit méi innovativ, ëmweltfrëndlech a sécher ginn. Mir wëllen an deenen nächste Joren d'Weichen esou setzen, dass mir dës Ziler areeche kënnen.

Foto vum Romain Osweiler

Romain Osweiler

50 Joer, Rouspert-Mompech

Buergermeeschter

Fonctionnaire bei der Post

Duerch Zesummenaarbecht, duerch Solidaritéit an duerch eng fair Verdeelung vun de Laaschten, wëlle mir Sécherheet an Europa garantéieren. 
Mir wëlle Responsabilitéit iwwerhuelen, fir e séchert Europa ouni bannescht Grenzen.
Sécherheet an a fir Europa geet nëmme mat an duerch Europa.